De Bicherclub

De Bicherclub De Bicherclub gouf den 28. Abrëll 2011 gegrënnt. Siège social wéi och eise Secondhand Bicherbuttek : 5 rue de l’École, zu Eschweiler (Jonglënster).

Den Erléis aus dem Bicherverkaf gëtt benotzt, fir kulturell Projeten z’ënnerstëtzen an ze finanzéieren. Mir stellen eis vir:

De Veräin huet déi folgend Ziler:

■ d'Promotioun, de Schutz, d'Erhalen an d'Verbreede vum lëtzebuergesche Buch
■ senge Memberen an der breeder Ëffentlechkeet den Zougank
op vergraffen an antiquaresch Bicher, absënns Luxemburgensia,
méi liicht ze maachen

an dat

funktionéiert esou:

■ Dir spent eis Är Bicher, déi Dir net méi braucht;
Dir bréngt eis se an de Bicherbuttek um éischte Stack an der Loupëscht
zu Jonglënster, oder Dir kontaktéiert eis a mir kommen se bei Iech sichen

■ mir verkafen déi Bicher, déi mir gespent kruten,
zou gënschtege Präisser an eisem Bicherbuttek oder op engem vun eise Bazaren

■ domat vermeide mer, dass Bicher ewech gehäit ginn a mer maachen aneren déi vergraffe Bicher nees zougänglech

■ mir organiséieren zweemol d'Joer e Bicherbazar,
wou eis Memberen hir Bicher verkafen oder tausche kënnen. Och dat erlaabt den Zougrëff op antik oder vergraffe Bicher

■ mat dem Erléis aus dem Bicherverkaf
finanzéiere mir Projeten op kulturellem Niveau,
wéi d'Aquisitioun oder d'Restauratioun vu lëtzebuergeschen – an och anere – Bicher, Kaarten, Dokumenter a.s.w. Domat ënnerstëtze mer Bibliothéiken,
Archiver oder och Leit, déi sech um Gebitt vun der Luxemburgensia
verdéngt maachen.

■ Dons

2012 : 2000 € Nationalbibliothéik fir Restauratioun
2013 : 2000 € Bibliothèque du Grand Séminaire
2000 €. ONG Crëschtlech Solidaritéit International (CSI)
2014 : 3000 € Archives nationales fir Restorationsaarbechten
2015 : 4000 € Nationalbibliothéik, Dep. Luxemburgensia
2016 : 2500 € General Patton Memorial Museum Ettelbréck
2500 € Musee National d’Histoire Militaire Dikrech
2017 : 2500 € Lenster Lycée Bibliothek “Lensteratus”
2500 € Jugendredaktioun “Fënnef Vir Zwou”,
Lycée Robert Schuman
500€ Télévie Aktion
2018 : 2000 € Steftung Lëtzebuerg Air Rescue
2000 € Mierscher Lieshaus
500 € Télévie Aktion
2019 : 2000 € Lënster Bibliothéik Junglinster
2000 € Kulturhuef Grevenmacher
500 €. Télévie Aktion
2020 : 2000 € Wonschkutsch
1000 € Stëmm vun der Strooss
1000 €. Télévie Aktion
2021 : 3000 € Bibliothéik vum Iechternacher Lycée
3000 € Télévie Aktion
2022 : 3000 € Médecins sans Frontières
3000 € Télévie Aktion

Samschdeg, den 30 Mee, as de Secondhand Bicherbuttek zu Eschweiler (Jonglënster)  vun 14:00 bis 17:00 Auer fir Iech do.
28/05/2026

Samschdeg, den 30 Mee, as de Secondhand Bicherbuttek zu Eschweiler (Jonglënster) vun 14:00 bis 17:00 Auer fir Iech do.

16/05/2026

Mär soen all deene Läit Merci, déi sech Haut Zäit geholl hunn fir bei eis op de Bicherverkaf ze kommen. Mär hu ganzer 1220 kg Bicher verkaf. Also iwwer 1 Tonne Bicher😀

J-1 Moar ass dee groussen 1€ de Kilo Bicher Dag. Eng 250 Bananekëschte Bicher. Dovunner eng 80 Këschte Luxemburgensia. A...
15/05/2026

J-1 Moar ass dee groussen 1€ de Kilo Bicher Dag. Eng 250 Bananekëschte Bicher. Dovunner eng 80 Këschte Luxemburgensia. Awer och Romaner a Franséischer, Englëscher, Däitscher Sprooch. Sachbicher, WWII, Kachbicher, Politesch Bicherasw, Kannerbicher, asw.
Huelt Iech eng Stonn Zäit fir laanscht ze kommen. Mär sinn do vu 09.00-17.00 Auer.
Merci
Ka gäre nach eng läschte Kéier gedeelt ginn😀

05/05/2026
Grousse Bicherverkaf (1 € de kg) am Haff vum Lënster Bicherclub zu Eschweiler. 5 rue de l'Ecole, Eschweiler (Jonglënster...
27/04/2026

Grousse Bicherverkaf (1 € de kg) am Haff vum Lënster Bicherclub zu Eschweiler. 5 rue de l'Ecole, Eschweiler (Jonglënster)
Samsdeg den 16 Mee. Vun 9.00 Auer bis 17.00 Auer.
Den Erléis ass fir e kulturellen Zweck.
De Bicherbuttek huet deen Daag och op.

Marché aux livres, anciems et d'occasion.
Vente à 1 € le kg. Samedi 16 mai, de 9.00 à 17.00 hrs,
au Lënster Bicherclub, 5 rue de l'école à Eschweiler (Junglinster).
Vente au profit d'un organisme culturel.
Le "Bicherbuttek" à également ouvert ce samedi lors du marché.

Donated Books sale, sold 1 € per kg.
Saturday, 16 may from 9 am to 17 pm.
at the Lënster Bicherclub, 5 rue de l'école / Eschweiler (junglinster). All profits are donated to culture assciations
The "Bicherbuttek-store" has also open this saturday !

Haut den 25.04.26 dem LiteraTour 2026 zu Beetebuerg, am Kader vum Prix Laurence , e Scheck vun 3000€ iwwerreecht.
25/04/2026

Haut den 25.04.26 dem LiteraTour 2026 zu Beetebuerg, am Kader vum Prix Laurence , e Scheck vun 3000€ iwwerreecht.

Second-Hand Bicherbuttek – Samschdeg, de 11 Abrell, tëscht 14:00 an 17:00 Auer.op - speziell Kanner- a Jugendbicher ginn...
10/04/2026

Second-Hand Bicherbuttek – Samschdeg, de 11 Abrell, tëscht 14:00 an 17:00 Auer.op - speziell Kanner- a Jugendbicher ginn fir 1 € pro Kilo verkaaft, dat geschitt all Samschdeg am Second-hand Bicherbuttek. Antiquariat all Samsdeg fir 5 € de kilo ! A vill aaner Saachen… 😉

08/04/2026

Samschdeg 11.04 si mär op vu 14-17.00 Auer😀

Dëse Samsdeg de 4. Abrëll vun 14 bis 17 auer.Grouss Ouschteraktioun:5 € de Kilo op all Bicher an eisem Antiquariat-Raum.
03/04/2026

Dëse Samsdeg de 4. Abrëll vun 14 bis 17 auer.
Grouss Ouschteraktioun:5 € de Kilo op all Bicher an eisem Antiquariat-Raum.

Adresse

5 Rue De L'Ecole
Eschweiler
L-6169ESCHWEILER

Heures d'ouverture

14:00 - 17:00

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque De Bicherclub publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager