Tina Thill Dressage

Tina Thill Dressage Certified professional horse trainer and riding coach - Mindful training with respect to the horse's anatomy and personality

15/02/2024

Training of a 14-year-old Lusitano stallion, with focus on propulsion and flexibility❤

01/02/2024

Fir d'Entwécklung vu Kraaft a Muskulatur huet d'Dehnungshaltung beim Willi vill gehollef. Den Zäitpunkt an d'Dauer, wou ech d'Päerd an där Haltung lafe loossen, sinn ënnerschiddlech an hänke vu verschidde Fakteuren of, wéi zum Beispill d'Anatomie oder den Trainingszoustand vum Päerd. D'Dressur soll sech ëmmer dem Päerd upassen.

De leschte Weekend konnten sech d’Jaana an de Willi déi 4. Plaz an der E 7/2 sécheren🥳 Déi zwee si mëttlerweil e flott T...
12/10/2023

De leschte Weekend konnten sech d’Jaana an de Willi déi 4. Plaz an der E 7/2 sécheren🥳 Déi zwee si mëttlerweil e flott Team❤️

Ausbildung beim Reitinstitut Zimmermann Ausbildungszentrum für Klassisch-Barocke Reitweise ofgeschloss! Ech hu super Lei...
11/10/2023

Ausbildung beim Reitinstitut Zimmermann Ausbildungszentrum für Klassisch-Barocke Reitweise ofgeschloss! Ech hu super Leit kennegeléiert, déi sech leidenschaftlech fir d'Gesondheet vun de Päerd a vun de Reider asetzen. D'Päerd an hir Besëtzer si motivéiert, d'Ausbildung ass léierräich a fënnt an engem angenehme Kader statt. Natierlech mat spuenesch a portugisesch Vibes🐴😍

Danke Judith für diese wunderbare Zeit❤

24/08/2023

🌼 Berëttpäerd Willi galoppéiert mëttlerweil méi energesch a kräfteg no vir. Et freet mech ze gesinn, wéi hien no 2 Joer Berëtt sech bei mir entwéckelt huet. Merci u seng Besëtzerin fir hiert Vertrauen 🐎❤

16/08/2023

Relax an der Summerzäit☀️ D'Losgelassenheit vum Päerd ass fir mech e wichtege Bausteen vun der Ausbildung. Déi äussert sech net nëmmen duerch d'Gangbilt vum Päerd, mee och duerch d'Spille vum Maul mam Gebëss. E lockert Päerd ass virun allem gesprächeg am Maul a kommunizéiert mat der Hand vum Reider.

D'Beweeglechkeet vum Maul vum Päerd erreecht een, andeems een d'Päerd reegelméisseg a korrekt gymnastizéiert. Päerd, déi fest am Maul sinn, schaffen ech vill am Schrëtt, well esou d'Muskulatur gelockert gëtt an d'Päerd eng besser Schubkraaft entwéckelt.

Wanns du dir och e gespréichegt Maul bei dengem Päerd wënschs kanns du dech gär bei mir fir Berëtt a Reitstonne mellen😊

11/02/2023

Dës Woch hate mir harmonesch Momenter an eiser Handaarbechtstonn🐴☀️💞 Mat dësem schéine Video trabe mir gemittlech an de Weekend.

“Dressage is for the horse, not the horse for dressage!” Dee Saz vum Bent Branderup begleet mech all Dag a menger Aarbec...
26/01/2023

“Dressage is for the horse, not the horse for dressage!” Dee Saz vum Bent Branderup begleet mech all Dag a menger Aarbecht mat de Päerd. E setzt de Punkt op d'Haaptbeschäftegung vun der klassescher Dressur, an zwar d'Päerd auszebilden mat Rücksicht op hirem Kierperbau, hir Psychologie an hir Perséinlechkeet. D'Dressur ass de Grondsteen vun enger harmonescher Bezéiung tëschent Päerd a Reider, déi duerch Gedold, Verständnes an enger feiner Kommunikatioun ënnerstëtzt gëtt. Déi eenzel Lektioune ginn net als Zil ugesinn, mee als Zweck.

Ech versichen esou vill wéi méiglech op d'Bedürfnisser vu menge Berëttpäerd anzegoen. Mir ass et wichteg erauszefannen, wat e Päerd gär mécht a wou seng Stäerkten a seng Grenze leien. Wann d'Päerd hir Motivatioun a hir Freed beim Schaffe weisen mécht d'Zesummenaarbecht mat hinne richteg Spaass❤️🐴

📸 Mrs Nature Photography

D’Päerd an ech wënschen iech schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2023!⭐️🎄💫🐴❤️   📸 Mrs Nature Photography
23/12/2022

D’Päerd an ech wënschen iech schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2023!⭐️🎄💫🐴❤️



📸 Mrs Nature Photography

21/12/2022

❄️E schéine Start an de Wanter❄️ An der kaler Joreszäit steet fir d’Päerd Gymnastik um Programm😊

Adresse

Wallerwee 1
Kobenbour
6225

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Tina Thill Dressage publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager