Miau & Co asbl

Miau & Co asbl Mir huelen verwaisten, verloossen Katzenbebeen op an vermettlen se no der 2ter Impfung an een gudd Doheem. Selbstverständlech ginn si och ëmmer entwuermt.

Heinsdo hun mir och Gleck an et as eng Mamm dobei, dei gett dann vun ons steriliseieren geloos an mir sichen och fiir sie een neit Doheem Léif Déierefrënn,
Mir sinn e puer Leit déi sech schonn zanter Joren privat ëm kleng Babydéieren këmmeren. Well mir elo schonn esou oft vun verschiddenen Veterinairen drop ugeschwat ginn sinn, hunn mir eis dozou decidéiert eng Asbl ze grënnen an déi dann och hei

op Facebook public ze maachen. Mir kréien eis Butzen vun verschiddenen Veterinären, Privatleit asw. Déi Kleng kommen bei eis, sief et dass d'Mammendéieren sech net kënnen ëm hir Baby'en këmmeren, dass si fonnt ginn oder aus wéi engen Grënn och ëmmer. Déi kleng Bëbeeën ginn dann bei eis mat vill Léift ëmsuergt an opgepäppelt. Et gëtt eng Virkontroll beim Veterinär gemaach an mat 1000-1300 Gramm kréien si hir éischt Impfung an een Mount duerno déi 2. An wann dat alles gemaach ass an si sinn wéinstens 12 Wochen al, dann sinn si prett fir an hir nei Famille ze goen. Hunn mir eng Mammchen matkritt dann gëtt déi, wann et esou weit ass, entwuermt, geimpft, kritt Tester gemaach an gëtt steriliséieren gelooss. An och fir si gëtt dann een gutt Doheem gesicht. Natierlech ass et ëmmer schéin wann eng Mamm mat wéinstens enger vun hiren Klengen kann zesummen vermëttelt ginn. Oft sinn si selwer nach immens jonk an hunn emol nach keen Joer wann si déi éischten Kéier Bëbeeën kréien. Mir huelen awer net nëmmen Bebekatzen op, mee och emol nach aner kleng Déieren wéi Kanéngchen, Hamster, Rat asw. wann mir nach Platz fräi hunn. All eis Déieren ginn just mat Schutzvertrag an Schutzgebühr vermëttelt.

Mir sinn gleich prett ons Worfkëscht fir een neit doheem ze tauschen
01/06/2026

Mir sinn gleich prett ons Worfkëscht fir een neit doheem ze tauschen

Des 2 ❤️ien sinn och bei ons. Leit hun se weens Alergie oofginn. Zum Glëck sinn se bei ons komm. Mir hun se duerch check...
25/05/2026

Des 2 ❤️ien sinn och bei ons. Leit hun se weens Alergie oofginn. Zum Glëck sinn se bei ons komm. Mir hun se duerch checken geloos an dobei as raus komm dass 1 vun denen 2 ganz starken Diabetes huet. ( hiiren Wert war 385!!) an laut Langzeitzocker as sie dat schons eng lang Zeit, lo kritt sie all Daag hiirt Medikament an extra Fudder an et geet hinnen lo allen 2 gut.
Vermettelt ginn se réicht wann Werter vum Diabetes besser sinn.

Dese klengen Wuermi as ganz alleng ennert engem Rasenmäher fonnt ginn. Hatt huet Gleck gehaat dass den Här den Rasenmähe...
25/05/2026

Dese klengen Wuermi as ganz alleng ennert engem Rasenmäher fonnt ginn. Hatt huet Gleck gehaat dass den Här den Rasenmäher net als eischt ugemach huet.
Och hatt as lo an onser deck gefellter Babycrèche.

Gudde Nuecht
23/05/2026

Gudde Nuecht

Mir wënschen iech all ee schéinen Feierdaag
01/05/2026

Mir wënschen iech all ee schéinen Feierdaag

27/04/2026
Gudden Metteg dir léif Leit .Mir 2 ,( 6 an 7 Joer) sichen zesummen een neit doheem.  Natiirlech wellen mir zesummen blei...
16/04/2026

Gudden Metteg dir léif Leit .
Mir 2 ,( 6 an 7 Joer) sichen zesummen een neit doheem. Natiirlech wellen mir zesummen bleiwen, well mir onzertrennlech sinn. Mir sinn wirklech 2 ganz léiwer an mat Kanner sinn mir och gewinnt.
Wanns du lo mengs ons een schéint doheem ze ginn, dann meld iech per Pn an stellt iech einfach viir, well mir wellen wessen bei ween mir kommen. An mir verzielen dir dann nach bessi mei iwert ons.
Mir melden ons dann
Bis dann
Mir 2 (verschmusten Katzen) Ah jo , mir hun och allen 2 een Numm an mir sinn gechippt an steriliséiert an an an

Dat ganzt Miau&Co Team wënscht iech schéin Ouschteren
04/04/2026

Dat ganzt Miau&Co Team wënscht iech schéin Ouschteren

Moien léif Leit❤️ Wéi geet et Iech? ❤️Hope❤️
19/03/2026

Moien léif Leit❤️ Wéi geet et Iech?
❤️Hope❤️

Mir soen dem Joyce, Mimi an dem Percy een groussen Merci fir dei léif Iwwerraschung
14/03/2026

Mir soen dem Joyce, Mimi an dem Percy een groussen Merci fir dei léif Iwwerraschung

Adresse

Miau & Co
Feulen
9175

Heures d'ouverture

Lundi 09:00 - 17:00
Mardi 09:00 - 17:00
Mercredi 09:00 - 17:00
Jeudi 09:00 - 17:00
Vendredi 09:00 - 17:00

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Miau & Co asbl publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager