09/06/2026
Als eenzegt Schluechthaus am Land ass den Abattoir Ettelbruck e wichtege Partner vun der Landwirtschaft an e Garant, datt Lëtzebuerger Randfleesch op kuerze Weeër un de Konsument ka geliwwert ginn.
D’Direktioun vum Ettelbrécker Schluechthaus huet der Ministesch Martine Hansen haut hir Vergréisserungspläng presentéiert. An den nächste Jore soll d’Schluechthaus moderniséiert an ausgebaut ginn, sou datt d‘Schluechtcapacitéit fir d’Béischten erweidert, an d‘Ofleef optiméiert kënne ginn.