14/10/2026
🛒 Secondhand-Shop vum Diddelenger Déierenasyl
Sicht Dir och nach verschidden Artikelen zu attraktive Präisser fir Äert Déier a wëllt dobäi eppes Guddes maachen? Dann kommt eise Second-Hand Shop besichen!
Mäntel, Spillsaachen, Hygiènesproduiten, Transportboxen, Accessoiren, Kämmbiischten,... Bei eis fannt Dir fir all Bedürfnis vun Ärem Déier dat Passend an dat zu engem niddrege Präis! 🐕
De Prinzip ass einfach: Dir kommt zu eisen Ëffnungszäite laanscht (Méindes-Samschdes vu 9h00 -18h00), sicht Iech eraus wat Dir braucht a maacht eis ee fräien Don. 🤝
All Don hëlleft eis, eisen Déieren eng besser Zukunft ze garantéieren an hiert Liewen ee klengt Stéckchen ze verbesseren.
Kommt eis besichen a maacht domat Ären a gläichzäiteg och eisen Déieren eng Freed!
Adresse: am neien Diddelenger Déierenasyl, 45 rue de la Forêt, Diddeleng
__
🛒 Vous cherchez des articles pour votre animal à prix réduits tout en soutenant nos compagnons à quatre pattes ? Venez découvrir notre marché de seconde main !
Manteaux, jouets, produits d'hygiène, caisses de transport, accessoires, arbres à chats... Il y en a pour tous les besoins de votre animal, à moindre coût ! 🐕
Le principe est simple : vous venez, vous prenez ce dont vous avez besoin et faites un don libre en échange. 🤝
Chaque don contribue à améliorer la vie de nos animaux et à leur offrir un avenir meilleur.
Venez nous rendre visite et faites des heureux tout en faisant des économies !
Ouvert du lundi au samedi de 9h00 à 18h00.
Adresse: nouvelle Asile pour Animaux Régional-Dudelange, 45 rue de la Forêt, Dudelange