Bio-Haff Baltes

Itinéraire Site Web

Bio-Haff Baltes - Biologesche Geessekéis
- Islandpäerd vum Aerenzdall
- Biologesch Landwirtschaft
Bei eis zu Steeën Mir freeën eis!

Säit 2007 produzéieren mir biologeschen Geessekéis an eiser eegener Keiserei zu Steeën an hunn nach eng Rei weider Attraktiounen. Op jonk oder Aal, Geessen- oder Päerds-Frënn, bei eis gëtt et fir jiddereen eppes ze entdecken. Kuckt bei eis eran op biobaltes.lu, schreift eis eng E-mail oder eng Noriicht hei op Facebook.

Den Bio-Haff Baltes sicht Verstärkung! Mir siche fir onseree Päerdbereich eng Persoun fir minimum 16h d’Woch, gären och ...
05/08/2026

Den Bio-Haff Baltes sicht Verstärkung!

Mir siche fir onseree Päerdbereich eng Persoun fir minimum 16h d’Woch, gären och mei.

D’Aufgabe sinn:
- Fidderung vum Kraftfutter
- Führanlagen un/ausmaachen
- Päerd ran a raus loossen
- Kontrollen & Pflege vun den Herden
- Je no Qualifikatioun an Erfarung mat Päerd schaffe

Mir géifen och ënnerstëtzend awierke wann d’Persoun sech am Päerdsbereich weider bilde well.

Bei Interessi mëllt Iech gär fir weider Informatioune mat engem CV iwwer [email protected]

E wonnerbar Team, Jafet a Noé!👏🏼Mir sinn enorm houfreg déi Koppel mat enger Rei Equipements -Artikel ze ënnerstëtzen.  D...
15/07/2026

E wonnerbar Team, Jafet a Noé!👏🏼

Mir sinn enorm houfreg déi Koppel mat enger Rei Equipements -Artikel ze ënnerstëtzen.

D'Noé ass als eenzeg jong Reiderin fir Lëtzebuerg um FEIF Youth Cup 2026. Sai véierbeenege Partner ass deen Hengscht Jafet frá Stóra Hofi, deen an eisem gemeinsame Besetzt steet.

Léift Noe, genéiss deng Zäit mat Gläichgesënnten aus villen verschiddene Länner!🤩

Mir hoffen dir konnt iwwert d'Chrëschtdeeg - esou ewéi och mir - e puer schéin an erhuelsam Stonne mat ären Léifste verb...
27/12/2025

Mir hoffen dir konnt iwwert d'Chrëschtdeeg - esou ewéi och mir - e puer schéin an erhuelsam Stonne mat ären Léifste verbréngen. 🎄

Mir wollten dëse Moment dann och notze fir iech alleguerte Merci ze soe fir äert Vertrauen, är Loyalitéit an déi vill schéi Momenter déi mir dëst Joer hunn dierfe matenee verbréngen.

E gudde Rutsch an op e genau sou schéint 2026! 🐴🐐

Zesummen mam IVLB organiséieren mir eng Porte Ouverte! 🐐📅21.09🕛10h30-17h00 📍1, Um Suewel | L-9186 Stegen
12/09/2025

Zesummen mam IVLB organiséieren mir eng Porte Ouverte! 🐐
📅21.09
🕛10h30-17h00
📍1, Um Suewel | L-9186 Stegen

Mir verstäerken eis Ekipp. Deelen ass erwënscht!🐴🌾
29/08/2025

Mir verstäerken eis Ekipp. Deelen ass erwënscht!🐴🌾

❗️Studentenjob:Mir sichen nach een Student / eng Studentin fir +- vum 15.07-15.08.2025 bei ons auszehellefen. Heibei han...
26/06/2025

❗️Studentenjob:

Mir sichen nach een Student / eng Studentin fir +- vum 15.07-15.08.2025 bei ons auszehellefen.
Heibei handelt et sech em een bessen anneren Studentenjob an enger Käserei!🧀

Virraussetzungen sinn:
- 18+
- zouverlässeg, selbststäneg an genug bewosstsinn fir Hygjene!!😊

Interesséiert? Schéck gäeren däin CV op [email protected]

Mir brauchen är Hëllef! ❗️Mir siche fir ee vun eisen Aarbechter, seng Fra an hiren Hond eng einfach Wunneng respektiv e ...
19/06/2025

Mir brauchen är Hëllef! ❗️

Mir siche fir ee vun eisen Aarbechter, seng Fra an hiren Hond eng einfach Wunneng respektiv e klengt Haus fir ze lounen, gären och am Eisleck . De Mann huet en CDI an ass scho säit 9 Joer bei eis ugestallt. Wann dir sëlwer eppes wësst oder ee kennt, deen ee kennt da mëllt iech gäre bei eis!

Deelen ass erwënscht!

Virun enger gudder Woch hu mir d'Ministesch fir Landwirtschaft, Wäibau an Ernärung Martine Hansen bei eis um Haff dierfe...
05/06/2025

Virun enger gudder Woch hu mir d'Ministesch fir Landwirtschaft, Wäibau an Ernärung Martine Hansen bei eis um Haff dierfen empfänken.

Nieft engem kléngen Historik zu eisem Betrib goung et an éischter Linn dorëm d'Haaptproblemer fir d'Zukunft vun eiser Aarbecht unzeschwätzen. Mir soen der Ministesch an hirer Ekipp Merci fir dat oppent Ouer a freeën eis op hoffentlech innovativ Léisungsweeër. 🧀🐐

Mir freeën ons, dat dräi Fréijoers Meedercher gesond a monter ukomm sinn! Häerzlech wëllkomm an der Islandpäerd vum Aere...
20/05/2025

Mir freeën ons, dat dräi Fréijoers Meedercher gesond a monter ukomm sinn! Häerzlech wëllkomm an der Islandpäerd vum Aerenzdall Famill.🫶🏼

Ýra vum Aerenzdall, gebuer den 27.04.25 um 23:35 aus dem Þyrnirós vum Aerenzdall an dem Jafet frá Stóra-Hofi.

Mína vum Aerenzdall, gebuer den 4.05.25 um 2:15 aus dem Mirra frá Stóra-Vatnsskarðira an dem Jafet frá Stóra-Hofi.

Ellý vum Aerenzdall, gebuer den 12.05.25 um 5:15 aus dem Eldvör vom Vorsenzhof an dem Eiður vom Habichtswald.

Mir si lo nach gespaant op ons 2 Summer – Kanner!🤩

Gratulatioun un 5 motivéiert jonk Dammen!🥂Een klengen awer feinen Grupp hat fir hieren Päerdsführerschein isländescht Wi...
13/12/2024

Gratulatioun un 5 motivéiert jonk Dammen!🥂

Een klengen awer feinen Grupp hat fir hieren Päerdsführerschein isländescht Wieder bestallt 💨
Och de Kreschtbeemchen hängt vun der Nuecht virdrun nach schief, mais d’Meedercher hunn sech duerchgekämpft an hier Prüfung all gepakkt.

Mir gratuléieren nach eng Keier fir är gutt Leeschtung a soen och der Richterin Andrea Hort en decke Merci👏🏼

Adresse

1, Um Suewel
Stegen
9186

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Bio-Haff Baltes publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager