Déierefrënn Lëtzebuerg asbl

Déierefrënn Lëtzebuerg asbl Tiervermittlung, Fütterung und tierärztliche Besuche

18/08/2022
16/08/2022

De Mailo sicht ultra dringend ee neit Doheem, säi Mënsch muss Freiden plënneren an huet näischt fonnt wou e Mupp erlaabt wär.

6 Joer al, kastréierte Ritt, wahrscheinlech net allze verträglech mat anere Hënn (eventuell mat enger Mudder dat misst ee kukke) an och net direkt begeeschtert vun all frieme Mënsch. Awer sengem Mënsch säin een an alles, à tel point dass e bis elo de Kapp an de Sand gestach huet an sech nach net konnt dozou oprafen no engem Doheem fir säi Frënd ze sichen

🆘 Leider brennt et lo wirklech 🆘

wegl PN un eis

26/05/2022
11/03/2022

Ganz grousse 🆘 fir dëss zwee Muppen

Luna a Lullu, 13 a 11 Joer al, allebéid blann musse ganz dringend placéiert gi well hire Mënsch an eng Sozialwunneng plënnert wou se net mat kënne. Di zwee si Mamm a Jong an allebéid kastréiert. Si hänke immens uneneen a solle och zesumme bleiwe.
D‘Leit gesin am Ablack just d‘Alternative aschléiferen well en Asil net di richteg Plaz ass fir al blann Muppen, mir sin der Meenung dass mer mat ärer Hëllef nach een Doheem fir di zwee fannen an dass aschléiferen definitiv net de Wee ass.

Help 😢

Tel 691571512

Update mir hu lo mol eng Iwwergangsléisung fonnt fir di zwee. Besser wär natiirlech se kéinte direkt an en entgültegt Doheem, dofir hëlleft eis wegl nach Reklamm fir si ze man

02/12/2021

🚨 de Mupp ass net ze vermëttelen am Ablack! An zwee Méint kann e plënneren

Dëse klenge Wutz ass de Moien teschend der Gäichel a Kräizerbuch an der Géigend vu der Grillplaz op der Strooss fond gi. 5-6 Wochen al, hien ass ganz sécher net vun eleng dohi komm. Wann een eis eppes dozou ziele kann (Kontext Welpenhandel) resp a nächster Zäit irgendwou ähnlech Welpen ugebued gin meld iech wegl bei eis, mir wärte Pläinte man.

Ee ganz ganz grousse Merci un d‘Equip vu Sichhënn.lu di während Stonne do op der Plaz no méiglechen anere Welpen gesich hun!

update: zwee aner si de Moien zu Gasperich geland, een ass iwwerrannt gin

27/11/2021

D‘Jolie sicht op seng al Deeg nach ee neit Doheem wéinst gesondheetleche Problemer vu sengem Mënsch.
Hat ass 11 Joer al, weit em di 25kg, kastréiert an ass mëttelgrouss. Hatt huet eng Ënnerfunktioun vu der Schilddrüs a muss dofir 2x den Dag eng Pëll kréien a liicht Arthros, ansonsten ass hatt awer ganz fit. Hatt ass propper am Haus, fiirt gär mat am Auto an ass frou mat Mënschen a Muppen, Kaze kennt hatt net.

Maacht eis wgl eng PN fir d‘Telefonsnummer vu de Leit ze kréie wann Dir hatt wëllt kenne léieren

19/11/2021
16/11/2021

Fifi est retourné à la maison!!

Des Kaatz, w, gechipt mais net enregistréiert, ass geschter Owend zu Esch an der rue du Faubourg zougelaaf. Wann der se kennt oder vermessen sollt, meld Iech bei eis.

Chat, femelle, pucé mais pas enregistré, a été trouvé à Esch dans la rue du Faubourg. Pour tout renseignement, veuillez nous contacter svp

Adresse

2, Route D'Arlon
Saeul
L-7471

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Déierefrënn Lëtzebuerg asbl publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager