21/06/2024
Hei eng Info aus aktuellem Ulass a well mir ëmmer erëm Hondsführer hunn,déi bei eis an d‘Couren oder op Verbandsprüfungen wëlle komme mat Hënn ouni FCI Pabeiere, fir déi se awer genau sou deier bezuelt hu wei fir ee mat FCI Pabeieren. Fir Hënn a Lëtzebuerg duerfen ze ziichte brauch een eng Geneemegung vum Landwirtschaftsministère,eng anstänneg Zwingeranlaag an een Zwingernumm vun der FCL. Fir dat ze kréie muss een, déi am Zuchtreglement beschriwwe Prozeduren anhalen. Et muss ee Member an enger vun deenen 3 Zentrale vun der FCL sinn. Natierlech brauch een och een Hond,deen all national a rassenspezifesch Zuchtbedingungen, déi am Zuchtreglement vun der FCL an deenen 3 Zentrale stinn erfëllt, wat net einfach ass a wat vill Zeit a Geld kascht. Wann de Worf do ass muss en zweemol vum Zuchtwart aus der concernéierter Zentral kontrolléiert ginn ier een dann FCL Pabeiere kréie kann. All dat rechtfäerdegt dann och de Preis deen ee fir ee Welpen mat FCL/FCI Pabeiere bezuele muss. All Welpen déi keng sou eng Ahnentafel virweisen, duerf ABSOLUT net genau sou vill oder mei kaschten wéi ee Welpen mat sou enger FCL/FCI Ahnentafel! Mir als eng vun deenen dräi Zentrale vun der FCL wäerten ab elo all „schwaarzen“ Worf bei der Veterinärsinspektioun mellen.