Dackelkommissioun & Terrierkommissioun

Dackelkommissioun & Terrierkommissioun Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Dackelkommissioun & Terrierkommissioun, Dresseur de chiens, 11, Rue Eugène Ruppert, Redange-sur-Attert.

05/05/2022

Susi-Challenge!

matmaachen a gewannen :)
Maacht dem Susi seng Challenge mat, a sëtzt Äre beschte Foto heidrënner an d'Kommentaren a gewannt e klenge Kaddo vun der CCC!

Loosst eis zesumme mam Susi flott Saache mat eise Juegdhënn léieren!

Mir freeën eis op Är Foto'en

20/06/2021
Dir kennt ab haut ären Hond an eisen Dressurkuer oder an eis Welpenschoul online op eiser Seit : www.jagdhunde.lu unmeld...
25/01/2021

Dir kennt ab haut ären Hond an eisen Dressurkuer oder an eis Welpenschoul online op eiser Seit : www.jagdhunde.lu unmelden.
Dir musst Member bei der CCC sinn, den Kuer kascht 180€ an d‘Welpenschoul 150€.
Den éischten Kuer as Sonndes, den 21.2.21 virgesinn, falls déi dann aktuell Coronamesuren eis daat erlaaben.
Well mir d‘Kueren och dest Joër der aktueller Situatioun upassen mussen, deelen mir iech e puer Deeg virun dem éischten Kuer mat wou desen stattfennt an wien ären Formateur as.

02/02/2019

WUT meeting in Malmoe, Sweden.

22/01/2019
De 15te September huet d'CCC Dackelkommissioun eng Begleithundeprüfung fir Dackelen organiséiert.  Moies frei gouf sech ...
17/09/2018

De 15te September huet d'CCC Dackelkommissioun eng Begleithundeprüfung fir Dackelen organiséiert.
Moies frei gouf sech zu Bech um Haff vun der Famill Pleimling afonnt. No der Begréissung duerch de Prüfungsleiter Jacques Petit, huet hien d'Wuert un d'Riichterin Claudia Schölpert (D) weiderginn. No enger kuerzer Erklärung sinn dunn d'Pabeieren agezu gi, souwéi d'Impfungen an d'Chipkontroll duerch eise Veterinär Marc Diederich an d'Riichterin iwwerpréift ginn. Duerno konnt et dunn direkt weider op den Terrain goen, wou mir mat der BHP 1 ugefaangen hunn. Hei goufen nieft der Leinenführegkeet, dem Folgen frei Fuß, dem Eraruffen, dem Ofleeën och d'Verhale bei Geräischer, d'Sozialverträglechkeet vis-à-vis vun Honn a Leit, souwéi och d'Behuelen am Stroosseverkéier gepréift. 8 Honn ware fir den éischten Deel gemellt, vun deenen der 7 dësen Deel bestoe konnten.
Fir den zweeten Deel ware 7 Honn gemellt. Hei gëtt d'Ofleeë virun engem Gebai mat Oflenkung duerch en Hond, en Jogger an e Vëlo gepréift. Am Uschloss och nach d'Führersuche. An dësem Deel konnte 4 Honn bestoen.
Den drëtten Deel besteet aus enger klenger Waasseraarbecht. Fir dësen Deel si 5 Honn ugetrueden a 2 konnte bestoen. Een Hond konnt di dräi Deeler bestoen a krut domadder d'Leeschtungszeechen BHP G unerkannt! Gratulatioun hei un d'Tagessiegerin Valérie Zumpf! Och hate mir e ganz jonken Teilnehmer: de Laurent Steffes huet sech mat sengem Vesta dëser Prüfung gestalt an huet d'BHP 1 als eenzege komplett fräi absolvéiert!

Nodeems de ganze Stress dunn eriwwer war, si mir op Grevemaacher op de Camping. Bei allerbeschter Laun gouf giess, op den Dag zeréckgebléckt an d'Diplomer iwwerginn. E grousse Merci geet un eis Riichterin, d'Claudia Schölpert fir dat fairt Riichten an hier berouegend Wierder, eisen Helfer, dem Georges Kugener an dem Marc Diederich, dem Carole Pleimling fir zu Verfügungstelle vum Terrain an dem Claude Zanter fir di flott Foto'en!

08/05/2018

Melden Sie sich für die Jagdgehorsamsprüfung über unser Online-Formular oder mithilfe des ausgedruckten Dokument (siehe Anhang) an.

27/01/2018

Sonndes, den 28.1.2018 geet et um 9.30 Auer mat engem (Be) Schnuppercours lass. Zu Nidderpallen am Reitstall „ op der Pall“ kennt dir d’Formateuren kennen léieren. Bréngt ären Hond deen Moien roueg mat. Dir kennt iech op eisem Internetsite: jagdhunde.lu online fir d’Couren aschreiwen.

Bëschfest um Burfelt
10/10/2017

Bëschfest um Burfelt

Die erste Begleithundeprüfung der Dackelkommission war ein voller Erfolg!Gemeldet waren 11 Hunde, angetreten sind 10 Stü...
16/09/2017

Die erste Begleithundeprüfung der Dackelkommission war ein voller Erfolg!
Gemeldet waren 11 Hunde, angetreten sind 10 Stück, wovon 9 bestehen konnten:
- Quinn vom Nattertal mit Marianne Jacobs: BHP-G, Tagessieger
- Nurmi vun der décker Lann FCI mit Dan Friedl: BHP-G
- Lily von den Eifelhexen mit David Kuijpers: BHP 1 & BHP 2
- Nahla vun der décker Lann mit Marianne Jacobs: BHP 1 & BHP 2
- Ni**od vun der décker Lann FCI mit Georges Kugener: BHP 1
- Nallo vun der décker Lann FCI mit Dan Friedl: BHP 3
- Lacoste mit Carole Pleimling: BHP 3
- Pira vom Neunten Weinberg mit Georges Kugener: BHP 3
- Nunuk Graf von Schloss Koedingen mit Anastasia Cassinetti: BHP 3

Einen großen Dank an den BHP Richter Jockel Jung für das faire Richten, an Carole Pleimling und ihren Mann für das Gelände und an alle Helfer und Teilnehmer. Es war ein gelungener Tag unter Dackelfreunden, mit passendem Wetter und sehr guter Laune! Glückwunsch an alle Führer, welche ihre Hunde sehr gut auf diese Begleithundeprüfungen vorbereitet haben!

Adresse

11, Rue Eugène Ruppert
Redange-sur-Attert
8510

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Dackelkommissioun & Terrierkommissioun publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager