24/05/2025
Erënnert Dir Iech nach un dëse wonnerschéine Kärel? Dat ass de CAZAN, a fir hien huet sech a leschter Zäit e wéineg eppes gedoen. Ma elo ass et un Iech, fir seng Geschicht weider ze schreiwen.
De Cazan ass säit bal zwou Wochen an enger Fleegefamill. No där laanger Zäit am Déierenasyl huet hien elo d'Méiglechkeet, fir sech an engem "normalen" Ëmfeld sou ze weisen, wéi hien ass. Et gëtt mat him geschafft, fir seng Naupen an de Grëff ze kréien a soumat seng Chancen op eng erfollegräich Vermëttlung ze verbesseren.
All Dag kréie mir nei Informatiounen iwwer säi Verhalen a léieren domat e Mupp, dee mir amfong sou gudd kannt hunn, komplett nei kennen. En Déierenasyl ass eben awer net mat engem Doheem ze vergläichen.
Et huet sech zum Beispill gewissen, dass de Cazan amfong immens frou mat Muppen a Kazen ass. Dat hätte mir eis esou net erdreemt. Ausserdeem schéngt de Lidderhanes, dee seng Deeg am Léifsten an der Sonn leiend verbruecht huet, de Sport fir sech entdeckt ze hunn.
Säi gréissere Problem, dee sech elo gewisen huet, ass, dass hien net gären eleng ass, woubäi et Tendenze gëtt, dass hien a Gesellschaft vun anere Muppen kee sou grousse Problem domat huet. Wann de Cazan sech zevill an den Eck gedréckt fillt oder een hien temporär mol an engem Raum aspäre wëll, da fänkt hien un hefteg ze diskutéieren.
Seng aner Naupen, virun allem d’Verteidege vu Ressourcen, mee och seng Territorialitéit, bestinn zwar weiderhinn, mee hie léisst sech dorann immens gutt guidéieren an déi Saache sinn och definitiv an de Grëff ze kréien.
Alles an allem huet sech erausgestalt, dass de Cazan amfong en immens onsécheren Hond ass, deen sech onheemlech staark un eng Persoun bënnt. Hien ass kee Mupp fir Ufänger, mee fir eng Persoun, déi wees, wéi een en Alldag strukturéiert, wéi ee Konflikter reegelt a wéi een e Mupp anstänneg féiert.
Well de Cazan net fir ëmmer a senger Fleegefamill bleiwe kann, siche mir elo eng definitiv Léisung fir hien. Dee Gudden huet eréicht 5 Joer, an hien huet et verdéngt, no all dem Gedeessems a sengem Liewen, fir endlech kënnen enzuech unzekommen. D’Kommunikatioun mat der Fleegefamill leeft iwwert eisen Déierenasyl an d’Kenneléieren gëtt natierlech an engem Tempo gemaach, bei dem sech de Cazan an d’Interessente wuel fillen.
Och wann Dir Iech elo denkt, dass de Cazan net de richtege Mupp fir Iech ass, villäicht kennt Dir jo eng Persoun, déi sech fir hien interesséiere kéint. Hëlleft eis mat, deelt dat hei fläisseg a wann Dir Froen hutt, da kënne mir hei och natierlech gären weider Erklärunge ginn.
E SCHAARFE KNÄIP (UPDATE ⬇️)
All Kach, ob professionnel oder als Hobby, schwiert op richteg schaarf Messeren. E schaarft Messer mécht d'Schneide mi einfach a mi sécher, well ee mat manner Drock un d'Liewensmëttel muss drugoen. D'Schäerft vum Messer ass souzesoen d'Statussymbol vun der kulinarescher Welt. An awer gëtt et wuel kaum e Kach, dee sech net scho mol mat sengem schaarfe Messer fatzeg geschnidden huet. A wann Dir Iech elo frot, wat dat Gebraddels do mat engem Hond ze dinn huet, naja, et kann een de CAZAN mat sou engem schaarfe Messer vergläichen.
De Cazan ass e Malinois (X?). An der Muppecommunity gëllt de Malinois och iirgendwéi als Statussymbol, vill Leit, déi eppes op sech halen, wäerten an hierer Hondskarriär iirgendwann eng Kéier e Malinois hunn - dat schaarfst Messer um Marché. Mat engem Malinois schaffen ass präzis, effikass a mécht immens Spaass. Si léiere séier, si gudd an allem wat se maachen, mee un hinne kann ee sech och fatzeg schneiden. Ween den Ëmgang mam schaarfste Messer beherrscht, dee ka sech selwer op d'Schëller klappen, well en domat iirgendwéi d'Fach gemeeschtert huet.
Um Cazan hu sech bis well just eng Partie Leit anstänneg geschnidden, wuertwiertlech. Gemeeschtert huet hien nach keen, an och aus der beschte Stärekichen héiert een heiansdo haard Gefluchs, well alt rem eng Fangerkëppchen dru gleewe misst.
Amfong probéiere mir jo, Iech hei eng gudd Ofwiesslung vu verschiddene Muppen aus eise Reihen virzestellen. De Cazan ass elo deen drëtte Schäferhond hannereneen, mee dat huet och säi Grond. Da Cazan ass iirgendwéi aanescht. Hien huet kaum dee staarke Besoin, fir permanent beschäftegt an ausgelaascht ze ginn, hien ass net penetrant opdränglech a rappt och net aus Langweil d'Tapéit vun de Maueren.
Da Cazan ass éischte e gemitterlechen Zäitgenoss. Kloer, mat senge 5 Joer ass hien aktiv a wëll nach eppes vun der Welt gesinn, mee hie geet méi subtil un dat Thema run. Hie verbréngt seng Zäit hei am Déierenasyl am léifsten um Daach vu sengem Hondshaisschen. Hien huet alles am Bléck, hie reagéiert just net. Wärend sengesgläichen hektesch de ganzen Dag op an of leeft fir sech de nächsten Adrenalinkick ze sichen, ass de Cazan éischter e Vertrieder vu gudd geplangte Kontrollronnen duerch säin Auslaf, all zwou Stonnen, an dann erëm zeréck op d'Haisschen. Wann d'Fleeger komme fir ze botzen, da gi si och alt emol opgefuedert, fir ze spillen, woubäi säi Spill gréisstendeels doraus besteet, fir mat senger Spillsaach an der Schnuff virun de Fleeger fortzelafen.
Bis dohi kléngt dat jo alles nach wierklech gudd an net no engem komplizéierten Hond, an dat ass de Cazan innerhalb vun eise Maueren och iirgendwéi net. Eis Fleeger hunn e Wee fonnt, wéi ee gutt mat him eenz gëtt, an do spillt zum groussen Deel och einfach d'Erfahrung mat, fir Muppe wierklech ganz genau liesen ze kënnen. Do läit nämlech de Problem: de Cazan kommunizéiert esou subtil, dass ee kaum Zäit huet ze reagéieren, ier déi éischt Drëpse Bludd gelaf kommen, ähnlech wéi beim kachen; dee Moment, wou ee realiséiert, dass een ofrutscht, ass et amfong schon ze spéit.
Wisou de Cazan esou ass, wësse mir net. Hien ass mat zwee Joer bei eis bruecht ginn, hannert sech eng Spur vu Verwüstung, vun enger Hand an di aner gereecht ginn, an all Wiessel opgrond vun alt rem engem Bäissvirfall. Och seng eng Vermëttlung vun eis aus huet leider mat enger bluddeger Hand hiert Enn fonnt. De Cazan huet awer kee konkret Problemthema. Hien huet lauter kleng Themen, hien ass e wéineg territorial, huet Limiten a senger Frustratiounstoleranz, hie verteidegt heiansdo mol Ressourcen an e bëssi Status spillt och alt mol mat. Eenzel betruecht si seng Naupen net wierklech staark ausgeprägt, mee well hien se einfach all matbréngt, ass säin Handling emsou méi komplizéiert; oder méi optimistesch ausgedréckt ass de Cazan villsäiteg talentéiert.
Fir dem Cazan Meeschter ze ginn, brauch et e wierklech gudde Kach, een deen all Zochte vu Geméis a Fleesch beherrscht, een dee schon e puer Narben un de Fangeren huet, een deen awer och d'Fangere nach fortgezu kritt, wann e mierkt, wéi e säitlech vun der Zwiwwel ofrutscht.
Wann een dat alles erfëllt, da fënnt een am Cazan dee beschten an treiste Frënd, deen ee sech virstelle kann. Et erwëscht een ëmmer mol rem ee vun de Fleeger, wéi e beim Cazan am Auslaf op den Huppe sëtzt, Stir u Stir, de Cazan sech genësslech d'Ouere kraule léisst a mat fiischte Kussen äntwert. Hien ass absolut kee schlechte Kärel, au contraire. De Cazan ass amfong en Häerz vun engem Mupp an an de leschte Méint fënnt hien och ëmmer méi Amateuren ënnert eise Spadséiergänger. Mam Maulkuerf op der Schnuff (a wann et net reent) freet hie sech fir kënnen Zäit mat engem Mënsch ze verbréngen an hie präsentéiert gäre seng charmant Aart a Weis, fir sech bei de Leit beléift ze maachen.
Well e schaarft Messer net an d'Hänn vu Kanner gehéiert, vermëttele mir de Cazan verständlecherweis net u Familljen, an och net bei aner Déieren, well vun deenen hält de Cazan net vill. Hie kennt de Maulkuerf an dréit deen och ouni Problemer. Wat säin Handling ubelaangt, do hëllefe mir Iech natierlech duerch d'Ufankszäit doduerch. Ee klengen Tipp gi mir Iech awer am Virfeld scho mat op de Wee: wéi beim schaarfe Messer - ni drécken, nëmmen zéihen.
Wann Dir e meeschterhafte Kach sidd, da rufft eis un um ☎ 48 13 13 1 oder kommt eis op Gaasperech besichen.
➖️➖️➖️➖️➖️➖️➖️➖️➖️➖️➖️➖️
⚠️ UPDATE: ⚠️