27/06/2026
🐾 **Eng wichteg Informatioun zu neien Ufroen a Rendez-vousen** 🐾
An de leschte Wochen erreechen mech immens vill Neiunfroen. Dofir wëll ech transparent erkläre wéi ech bei Fellness schaffen.
An de leschte 6 Joer hunn ech vill Erfahrung gesammelt an dobäi och geléiert, wou meng Grenzen leien. Mäi Konzept baséiert op **natierlecher Pelzfleege, Déierewuel an enger gudder Zesummenaarbecht mam Besëtzer**. Dofir passen net all Ufro a mäi Konzept.
Ech kréien ëmmer nees Ufroe fir Déieren, déi mat 4, 5 oder nach méi Joer nach ni beim Déierecoiffeur waren oder déi zënter engem Joer oder méi keng Fellfleeg méi haten. Oder och Senioren oder Henn mat starken Reaktiounen dei soss emmer selwer gemat gin sin an elo d'Fachfrau dirf run... An esou Fäll kann ech leider net ëmmer eng Betreiung iwwerhuelen, well dëst net menger Aart a Weis ze schaffen an och net mengem Verständnis vum Déierewuel entsprécht.
Ausserdeem hunn ech decidéiert, fir och op mäin eegene Kierper opzepassen. Grouss Hënn an intensiv Trimmhënn si kierperlech immens usprochsvoll. Fir meng Gesondheet ze schützen an och laangfristeg mat der néideger Qualitéit kënnen ze schaffen, huelen ech nëmmen nach eng begrenzten Unzuel vun dësen Hënn un.
💚 Mäi Fokus läit op enger laangfristeger Begleedung vu regelméissege Clienten an op enger Fellfleeg, déi fir d'Déier esou stressfräi wéi méiglech ass.
**Fir zukünfteg Hondsbesëtzer:** Wann Dir plangt, en Hond opzehuelen, mellt Iech am beschten schonn ongeféier **2 Méint am Viraus** – oder op d'mannst direkt, wann Äert Déier bei Iech ukomm ass. Sou kënne mir vun Ufank un eng gutt Gewéinung un d'Fellfleeg opbauen.
Aktuell muss, jee no Saison, mat **Waardezäite vun iwwer 2-4 Méint** gerechent ginn. Dir kënnt awer ëmmer gären nofroen – heiansdo gëtt spontan e Rendez-vous fräi. Deen net un Stammclienten fort geht.
Fir meng Stammclienten och weiderhin eng gutt Betreiung kënnen ze garantéieren, halen ech bewosst Plazen zeréck. Déi lescht fräi Summer-Rendez-vouse sinn Enn Juli / Ufank August. Déi nächst regulär Plaze ginn erëm ab Oktober disponibel.
🙏 Merci fir Äert Verständnis an Äert Vertrauen. Nëmmen esou kann ech meng Aarbecht och an Zukunft mat der Qualitéit, Rou a Léift fir d'Déier ausüben, déi Fellness ausmaachen.