Muppeschoul

Muppeschoul Dogtraining using positive reinforcement.

Süsse Mupp mat perfekter Greisst, sicht nei Matbewunner ! E super leiwen, deen schon jonk beim Mantrailing Freed an Tale...
03/06/2026

Süsse Mupp mat perfekter Greisst, sicht nei Matbewunner ! E super leiwen, deen schon jonk beim Mantrailing Freed an Talent madbrengt!

Wou sinn d'Terrierfans?

Eise Fips(1 Joer al, intakte Ritt) hat schonns e puer Ufroen, dat richtegt Doheem war awer nach net derbäi. De Fips ass ee ganz frëndlechen an oppene jonke Hond. Autofueren ass kee Problem, en ass propper wann en oft genuch eraus kënnt, an ass frou mat all Hond an all Mënsch, egal op grouss oder kleng.
Ouni ze zéien un der Léngt goen muss nach e bëssi geübt gin, eleng bleiwe mat Muppekollegen ass keen Thema, ganz eleng bleiwe kennt hien net.
Di ideal Famill huet schonn ee frëndleche Mupp am passenden Alter (min 2 Joer al), huet Zäit a Loscht vill mat de Muppen ze ënnerhuelen a kennt d‘Grondlage vu enger moderner Erzéiung mat positiver Bestäerkung.
De Fips ass e clevere Kärelchen dee wëll gefuerdert gin, einfach sou niewebäi matlafen an 3 x den Dag en Tour ëm de Block trëpple gin him net duer. Hien huet lo Mantrailing kenne geléiert a fënnt dat super, awer och all aner Zort vu regelméisseger Beschäftegung géiffen him Freed man.

Tel 691571512 oder PN un eis Säit

23/05/2026

Pass op dech an dain Mupp op! 🌞🐾

Haut hate mer en richteg flotten Teenager Training! 🌞😍Teenager Training ass all Woch eng Iwweraschung, mol hun ech 6 Hen...
02/05/2026

Haut hate mer en richteg flotten Teenager Training! 🌞😍

Teenager Training ass all Woch eng Iwweraschung, mol hun ech 6 Henn do stoen di total iwwerfuedert sin, an di vun fir eran Stress hunn, an heiansdo, esou wi haut, hun ech der 6, dei gutt matschaffen an di einfach relax sinn!

An et ass och net, dass et just Henn ware, dei di beschte Viraussetzungen haten, an desem Grupp ware schon alleng 2 Henn , di hiren ganzen eischten Cours net konnten mat op der selwechter Wiss traineiren well se dermoossen opgereegt waren , an dad ass bei beiden nach net esou lang hier.

Dowinst, d Proprietairen kenne richteg stolz op sech , hiren Hond an hier Arbescht sinn, ech sin opallefall! ✨😍🐾

25/04/2026

Looss dain Hond kee Paerdskaka friesse! ⚠️

13/04/2026

Reminder: Huel dain Mupp un d Lengt ✨✨

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Muppeschoul publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager