HoKa - Lampecher Déierepensioun

HoKa - Lampecher Déierepensioun Hunde- und Katzenpension
Hundecrèche (Kita, Tagesstätte)

Een diploméierten Deierefleeger (w/m/x) - fir eis Déierenpensioun HokaSchlussdatum: 19/04/2026D'APEMH, Associatioun am D...
25/03/2026

Een diploméierten Deierefleeger (w/m/x) - fir eis Déierenpensioun Hoka
Schlussdatum: 19/04/2026

D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Déierenpensioun zu Lampech een diploméierten Déierefleeger fir een CDI 40 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten:
Aarbechten sinn (Schichten schaffen tëschent 6.00 Auer an 22.00 Auer):

-Botzen vun den Hond an Kazen Geheger

-Fiederung an Beschäftegung vun Hond an Kaz

-Fleeg vun kranken Déieren

-am Kontakt mam Client sinn

-Zesummenaarbecht mat Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung

Obligatoresch Ufuerderungen
D'Kandidate sollen:

-am Besëtz vun engem, zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom als Déierefleeger sinn

-déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

-eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

-Sënn fir Verantwortung hunn

-de Führerschäin Klass B hunn

Wënschenswäert Ufuerderungen
Beruffserfarung an Erfarung am Beräich vun Hond an Kazen Pensioun ass vu Virdeel.

Mir bidden:
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht.

03/03/2026

Mir hunn nees gefrot, Dir hutt eis är Meenung gesot. Hei sinn Är Top 10 Plazen hei am Land, op deenen een déi beschte Verwurrelter kritt.

03/02/2026
💚🐶D'ganz HoKa-Equipe wënscht Iech e schéine Chrëschtdag an e glécklecht Neit Joer 2026.Mir soen Iech Merci fir Äert Vert...
24/12/2025

💚🐶D'ganz HoKa-Equipe wënscht Iech e schéine Chrëschtdag an e glécklecht Neit Joer 2026.
Mir soen Iech Merci fir Äert Vertrauen a freeën eis, Iech nächst Joer erëm ze gesinn.🐱💚

💚🐶Toute l'équipe HoKa vous souhaite de joyeuses fêtes et une bonne année 2026.
Nous vous remercions de votre confiance et nous réjouissons de vous retrouver l'année prochaine.🐱💚

🐾Nach kee Geschenk ? Dann kommt gären laanscht luussen.💚🐾Vous n'avez toujours pas trouvé de cadeau ? Alors n'hésitez pas...
24/12/2025

🐾Nach kee Geschenk ? Dann kommt gären laanscht luussen.💚

🐾Vous n'avez toujours pas trouvé de cadeau ? Alors n'hésitez pas à venir nous rendre visite.💚

🐶🐱 Ewéi all Joer, hu mir och dëst Joer erëm ee Kalenner fir d'Joer 2026 gemaach. Ganz besonnesch och dëst Joer mat Kazen...
24/12/2025

🐶🐱 Ewéi all Joer, hu mir och dëst Joer erëm ee Kalenner fir d'Joer 2026 gemaach. Ganz besonnesch och dëst Joer mat Kazen. Dës sinn an eiser HoKa Lampecher Déierpensioun a limitéierter Quantitéit verfügbar.
💚🐾

🐶🐱 Comme chaque année, nous avons à nouveau réalisé un calendrier pour l'année 2026. Cette année, un calendrier spécial a également été créé pour les chats.
Ils sont disponibles en quantité limitée chez nous, à la HoKa Lampecher Déierepensioun.💚🐾

20/12/2025
19/11/2025
15/11/2025
Mir sichen een Onqualifizéierten Mataarbechter (w/m/x) - fir d’Déierenpensioun HoKa zu LampechSchlussdatum: 21/09/2025 D...
29/08/2025

Mir sichen een Onqualifizéierten Mataarbechter (w/m/x) - fir d’Déierenpensioun HoKa zu Lampech
Schlussdatum: 21/09/2025


D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Déierenpensioun HoKa zu Lampech, een onqualifizéierten Mataarbechter (w/m/x) fir een CDD (Dispense an een Congé de Maternité ze ersetzen) – 20/30 oder 40 Stonnen/Woch, fir direkt oder no Ofsprooch.



Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.





Responsabilitéiten :

Är Aarbechten sinn,

-Botzen vun den Hond- an Kazengeheger

-Fiederung an Beschäftegung vun Hond an Kaz

-Fleeg vun kranken Déieren

-am Kontakt mam Client sinn

-Betreiung vun enger Equipe vun Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung



Obligatoresch Ufuerderungen:

Dir sollt Folgendes als Viraussetzung matbréngen:



-déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

-eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

-Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten hunn (Schichten sinn tëschent 6h00 an 21h30)

-Sënn fir Verantwortung hunn

-de Führerschäin Klass B hunn





Mir bidden:



attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen,

en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

🐾E schéine Bonjour aus der HoKa🐱
23/07/2025

🐾E schéine Bonjour aus der HoKa🐱

Adresse

88-94, Rue De Soleuvre
Limpach
4499

Téléphone

+3522659821

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque HoKa - Lampecher Déierepensioun publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à HoKa - Lampecher Déierepensioun:

Partager