23/02/2026
Och wann et lo bessi gedauert huet, ass et mir wichteg dem Oskar nach e Poust ze widmen! Léiwen Oskar, ganzer 17, baal 18 Joër bass Du ginn. Du waars mat ee vu mengen éischte Client‘en, bass iwwert Joëren all Daag mat mir op den Tuer gaang. Iergendwann hu mir dunn misse bessi reduzéieren, wëllste et kierperlech nemi su gudd gepackt hues. Dunn hu mir ugefaang mat regelméisseger Physiotherapie, an domat hu mir dech na laang fit gehaal. Suguer den Dokter war lt. denger Besëtzesch begeeschtert, wei gudd datts du an dengem Alter an trotz denger Krankegeschicht na wiers… 😍 Mee natierlech kann och dei bäschte Betreiung net verhënneren, datt de Kierper iergendwann nemi di Kraaft huet vir weider ze kämpfen a gleeft ma eent, den Oskar war e Kämpfer!! Heen huet kloër gewisen, weini et un der Zäit war, säin läschte Wee ze goen. A genau dëst gouf och respektéiert, och wann et nach sou wéih gedoën huet! 😢 Mee sinn mir mol éierlech, daat deet et ëmmer, an et ass am Endeffekt ëmmer ze fréih, egal weivill Zäit een madeneen haat. Dovir léiwen Oskar hoffen ech, datt et dir lo bësser geht, do wou’s Du lo bass, an datts du lo mat all deenen anre léiwe Séilen ganz onbeschwéiert iwwert d’Fëlder flitze kanns 💚 Du bass net vergiess. RIP du gudde Jong 🐕🦺🕊️🐾✨🌈