23/03/2026
Léif Spadséiergänger, mir mussen en eescht Wuert schwätzen.
Fir d’éischt wëlle mir Iech awer alleguer häerzlech merci soe fir den Engagement, deen Dir weist, fir de Muppen Nomëttes eng Ofwiesslung zum Alldag am Déierenasyl ze bidden. Et gesäit ee (bal) all eenzelnem Hond of, wéi grouss d’Freed ass, fir e wéineg virun d’Dier ze kommen, an dat ass och immens wichteg fir si.
Leider ass a leschter Zäit awer och d’Unzuel vun den Zwëschefäll, sief dat Accidenter, Streidereien a Reegelverstéiss, immens staark geklommen. Dowéinst ass et eis wichteg, fir hei nach eng Kéier zwee elementar Punkten ervir ze hiewen:
1⃣ Mir sinn en Déierenasyl. Eis Missioun ass et, fir sech ëm Déieren ze këmmeren, déi keen Doheem méi hunn. Eis Déiere stinn ënner eiser Responsabilitéit, an déi huele mir immens eescht. Mir begréissen den Enthusiasmus, mat dem Leit eis besiche kommen an sech fir Spadséiergäng umellen. Mir sinn awer net dofir do, fir de Leit en Animatiounsprogramm fir hiren Nomëtteg ze bidden. Mir si kee Streichelzoo a keen Erliefnespark.
Jo, mir hunn immens vill Hënn, aktuell souguer iwwer 70 Stéck. Mee dës Hënn sinn nach laang net alleguer prett, fir mam allgemenge Public spadséieren ze goen. Vun Angschtthematiken iwwer Aggressioun géint Mënsche bis hin zu Lëschtenhënn (fir déi een en extra Schäi brauch) hu mir alles hei. A schlechten Zäite kann et dann och mol virkommen, dass mir just 20 – 30 Muppen iwwerhaapt verdeele kënnen. Dat ass eng Entscheedung aus Responsabilitéit.
Wa kee Mupp méi iwwreg ass, dee mir gudde Gewëssens mat Kanner erausgi wëllen, dann ass dat eis Entscheedung, déi esou respektéiert muss ginn. Wann ee Samsdes op 47er Plaz an der Schlaang steet, mee mir just 42 Muppen erausgi kënnen, dann deet et eis zwar Leed, dass eng Persoun esou laang fir näischt waarde misst, mee da wäerten Diskussiounen näischt dorun ännere kënnen. Mir hunn iwwregens och keng Freed dorun, iergendengem op d’Féiss ze trëppelen. Et geet ëm d’Déieren an ëm d’Sécherheet.
2⃣ D’Sécherheet ass iwwregens och de Grond, wisou mir Reegele fir d’Spadséiergäng hunn. Jiddereen, deen eng Kaart ufreet, huet dës Reegele gelies a sech duerch Ënnerschrëft dozou verpflicht, sech dorun ze halen. Also wannechgelift haalt Iech och un d’Reegelen. Wou vill Hënn a vill relativ onerfuerene Mënschen op enkem Raum zesummentreffen, do ass et leider geféierlech.
All Ausstattung, déi um Hond drun ass, wann en zur Dier erauskënnt, huet genau sou um Hond drun ze bleiwen. Et huet e Grond, wann e Mupp e Maulkuerf dréit oder duebel iwwer d’Léngt geséchert ass. Et gëtt keng Ausnam zu dëser Reegel. Och net op der Muppewiss, déi iwwregens explizit an de Reegelen als verbueden ausgeschriwwen ass.
Egal wéi kleng oder léif de Mupp ass, hu Kanner ni eleng d’Léngt am Grapp ze halen. Net „just fir zwou Minutten“ an och net wann d’Eltere ganz no dobäi sinn. Kanner kënne Situatiounen a Kräfteverhältnisser net richteg aschätzen, wat zu all Zort vun Accidenter féiere kann. Dofir ass dat ausnamslos verbueden.
Et ass amfong immens schued, dass mir dës haart Wieder ausschwätze mussen. Jorelaang huet dat mat de Spadséiergäng wonnerbar funktionéiert, mee an de leschte Méint sinn einfach ze vill Saache passéiert, déi mir esou net toleréiere kënnen. Mir wëllen dës flott Traditioun awer net ofschafe mussen, wouwéinst mir an Zukunft bei Reegelverstéiss méi haart duerchgräife wäerten an och amgaange sinn, um engem System ze schaffen, fir d’allgemeng Qualitéit vun de Spadséiergäng fir d’Hënn ze erhéijen.