26/03/2025
Winst der Vullegripp, kënnen mir déi geplangten Rettungsaktioun Enn Abrëll leider net maachen. 😢
Mir gi 3 mol am Joer Hénger aus lëtzebuergescher Buedemhaltung sichen an probéieren der esou vill wéi méiglech ze retten andeems mir se un Leit vermëttelen.
Echternach
Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Gidd mir eng Chance publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.
Envoyer un message à Gidd mir eng Chance:
Bei eiser éischter Aktioun 2019 mat 37 vermëttelten Hénger an zanter 2020 als Asbl “Gidd mir eng Chance” hunn mir eis der Aufgab ugeholl 3 mol am Joer Hénger aus lëtzebuergescher Buedemhaltung un Leit ze vermëttelen déi een freien Auslaf garantéieren kennen. Des Hénger hunn plus ou moins 14 Meint an gëllen als net mei produktiv genuch, well den Taux vun hirer Legeleeschtung ënner 1 fält. Spréch net méi all Dag Eer leen. All Hong wat mir net vermëttelt kréien gëtt geschluecht an vun neien ersat, déi dann no 14 Méint och erëm ersat ginn. Mir organiséieren an këmmeren ons em den Transport vum Haff ob verschidden Platzen hei am Land wou dann déi nei Besëtzer hier Hénger sichen kommen kennen. Fir den selwechten Preis, also 2,5 Euro pro Hong, wei mir se dem Haff ofkafen, verkafen mir se dann och rëm un den eenzelen weider.
Wou et bei der éischter Aktioun just 37 Hénger waren, waren et der lo schon genau 500 dei bei der drëtter Aktioun een neit Doheem fonnt hunn.
Mir sinn ons bewosst, dass mat onsem Handelen zum gewëssenen Deel dei Buedemhaltung ënnerstëtzt gëtt, wou mir awer d´Potenzial vun eiser Aktioun gesinn ass, dass zum éischten déi Hénger déi mir vermëttelt kréien een schéint an würdegt weidert Liewen feieren an zum zweeten villäicht och deen een oder aneren dozou ureegen iwwer säin eegenen (deierlechen) Liewensmëttelkonsum nozedenken an en eventuell souguer ëmzestellen.
Een groussen Merci un all eenzelen deen bei eisen Aktiounen mat mëscht, eis soss iergendwéi ënnerstëtzt an deenen déi den Hénger een neit Doheem bidden.