24/03/2021
Ëmmer rëm héiert een, dass en Hond muss ausgelaascht ginn. Mee wat genau heescht dat eigentlech? A wat a wéivill dovun muss ech maachen, fir dass mäin Hond ausgelaascht ass?
Vill Muppe maachen dauerhaft Blödsinn doheem, zerstéiere Miwwelen a Schong, sinn extrem gestresst, bewaachen d'Haus wi wann zu all Moment d'Welt géif ënnergoen oder se féiere sech un der Léngt op wéi d'Aaxt am Bësch. Meeschtens läit dëse Problemer ee Faktor zugronn: Frustratioun. Frustratioun kann duech verschidde Faktoren entstoen, wéi zB. Langweil, Hypernervositéit oder Mëssverständnis duech de Besëtzer. D'Léisung ass oft simpel: den Hond aartgerecht auslaaschten!
Fir dee Mythos direkt aus dem Wee ze raumen: en Hond mat trëppele goen auszelaaschten ass méi oder wéineger onméiglech, op mannst fir all déi Hënn, wou ee wierklech iwwer dat Thema diskutéiere muss. Hënn si vun hirer Natur aus drop ausgeluecht, fir ze lafen. Duech hir speziell gefiedert Gangaart ermidden Hënn net beim Lafen. En Hond, dee sech fräi beweege kann, fällt séier an den Trab, dësst ass dem Hond seng natierlech Gangaart fir Strecken ze maachen, déi ouni Problemer am zweestellege Kilometerberäich den Dag leie kënnen. Un der Léngt trëppelen kann zwar ermiddend sinn, dësst gëllt awer meeschtens éischter fir de Besëtzer ;)
Natierlech brauchen Hënn Bewegung, fir hir Muskulatur ze stärken, sech ausrennen ze kënnen an "d'Zeitung ze liesen", mee wierklech ausgelaascht ass de Mupp duech reng Beweegung net. Generell ass déi Approche fir en Hond kierperlech midd ze maachen net de richtege Wee zur Auslaaschtung. Leider kommen och ëmmer rem Leit op d'Iddi, fir dann einfach eng Ronn mam Ball ze spillen, do leeft den Hond jo sou schéin an ass duerno och ausser Otem. De Problem heibäi ass, dass de Mupp beim Ball hetzen permanent am Juegdverhalen ass; e Verhalen wat den Hond éischter pusht, wéi calméiert. Wen et domat iwwerdreiwt, riskéiert séier, sech e Balljunkie ze schafen.
Auslaaschtung ass also net en "Middmaachen". Auslaaschtung ass zum engen den Hond einfach Hond si loossen; him Fräilaf erméiglechen, e mol buddele loossen oder sech am Bulli wenzelen, schwamme goen oder mat Aartgenossen spillen. Zum aneren ass Auslaaschtung eng aartgerecht Beschäftegung fir den Hond, déi och sengem Charakter a senge Fiirléiwten entsprécht (wat oft un d'Rass vum Hond gebonnen ass). Wann de Besoin u Beweegung schon ofgedeckt ass, dierf een hei gären op Kappaarbecht zeréckgräifen. Dës ass extrem ustrengend fir den Hond mee mécht vill Spaass. Ausserdem hu grad ängschtlech Hënn hei d'Méiglechkeet, fir aus sech erauszewuessen an zesumme mam Besëtzer Aufgaben ze léisen, wat hiirt Selbstbewosstsinn opbaut an d'Bindung stäerkt.
Wat d'Gestaltung vun der Kappaarbecht ubelaangt, kann ee wierklech seng Kreativitéit spille loossen, erlaabt ass, wat Hond a Besëtzer Spaass mécht. Eng gudd Méiglechkeet hei ass zum Beispill de klassesche Gehorsamstraining. Dobäi muss den Hond sech konzentréieren an e léiert och nach Saachen, déi een duerno am Alldag benotze kann. Och d'Bäibrénge vu klengen Tricks a Konschtstécker mécht vill Spaass, vun Trickdog an Dogdance kann ee sech inspiréiere loossen. Wann de Mupp gären mat der Nues schafft, kann een déi verschiddensten Zochte vu Nuesenaarbecht maachen, dozou wërten och nach e puer Posts kommen. Mantrailing, Fährten, Flächesich, Trümmersich, d'Lëscht vu Méiglechkeeten ass laang a facetteräich. (Kleng Warnung zum Thema Nuesenaarbecht: geheit dem Hond net einfach Fudder an eng Wiss fir en et sichen ze loossen! Mir liewe leider am Zäitalter vun de Gëftköderen, an dat Lescht wat een do fuedere wëll, ass dem Hond seng Hoffnung, dass iwwerall Fudder ze fannen ass.) Dësst ass natierlech nach laang net alles, ween Inspiratioun sicht, ka sech am Internet duech honnerte vu verschiddenen Hobbies googlen.
Elo bleiwt just nach d'Fro ze klären, wéivill Auslaaschtung dann genug ass. Och hei gëtt et keng pauschal Aussoh, well dat fir all Hond ënnerscheedlech ass. Wann een awer all Dag eng hallew bis eng ganz Stonn Qualitéitszäit a säin Hond investéiert, huet ee scho wierklech vill gemaach. A bei wem d'Zäit méi knapp ass, dee ka gären e bëssi manner Gassi goen, an dofir mam Hond eventuell ee méi aktiven Hobby ausprobéieren.
Wat maacht Dir sou mat Äre Muppen? Schreiwt mir an de Kommentarer :)