Huforthopädie Lëtzebuerg

Huforthopädie Lëtzebuerg Buerhoufbeaarbechtung - no 3 Joër Paus aus gesondheetlech Grënn kann ech endlech rem ennert dem P?

23/03/2024

DAS Onlineevent rund um ganzheitliche Huf- & Pferdegesundheit!

Haut hun ech e puer Inteféissercher rem a Form bruecht, d‘Besëtzerin vun den Houfen huet ganz brav matgeschafft an zwesc...
30/06/2022

Haut hun ech e puer Inteféissercher rem a Form bruecht, d‘Besëtzerin vun den Houfen huet ganz brav matgeschafft an zweschenduerch schéi geknaat 😍 nierwt dem geleentlëche Ponykuschelen ass dat definitiv dee schéinsten Deel vu mengem Job 🥰💖

Natierlech soll et guer net zu solche Féiss kommen, vun dohier si kuerz Intervaller optimal 🦄

Gudde Metteg, ech hu rem e puer Kapazitéite fräi fir brav Päerd a Ponien, Kalblidder kann ech leider keng maachen.Ech fr...
30/06/2022

Gudde Metteg, ech hu rem e puer Kapazitéite fräi fir brav Päerd a Ponien, Kalblidder kann ech leider keng maachen.

Ech free mech drop Iech an äer Einhörner kennenzeléieren 🦄

Firwat ass et net gudd, d’Beaarbechtungsintervaller ze laang rauszezögeren?Den Houf wiisst ronn een cm de Mount, wann d’...
28/03/2022

Firwat ass et net gudd, d’Beaarbechtungsintervaller ze laang rauszezögeren?

Den Houf wiisst ronn een cm de Mount, wann d’Päerd awer net genuch Abrieb huet fir de Status quo bäizebehalen gett den Houf am Verlaf vun de Wochen emmer méi laang a méi schief. De fehlenden Abrieb ka verschidde Grënn hu wéi zB ze mëlle Buedem, net genuch Bewegung, krankheetsbedéngt Pausen, steenhaart Féiss am Summer…

Di meescht Houfen, fir net ze soen bal alleguer, gin op enger Säit méi belaascht wéi op däer anerer - dës méibelaascht Säit, sierf et medial (bannen) oder lateral (baussen), gëtt méi enk, d’Wand ass méi steil an eventuell suguer iwwersteil (kennt no bannen), d’Eckstrebe si méi steil, de Krounrand kann no uewe stauchen… während op der manner belaaschter Säit d’Wand méi schräg ass an doduerch méi hiewelt, d’Eckstrebe leet sech méi op d’Suel, de Strahl wiisst op dës Säit riwwer…
Wat et méi laang dauert, wat den Houf méi schief gett an d’goën fir d’Päerd emmer méi onangenehm gett. Op Dauer passen sech d’Schanken un d’Situatioun un an de Fouss bleiwt schief, d’Sehnen, d’Bänner an d’Muskulatur passen sech och un. Andeems ee sou ee Fouss optesch “riicht” dohistellt belaascht een all déi intern Strukturen extrem an den Houf gett ganz séier nach méi schief wéi virdrun.

Zousätzlech dozou hiewelt ganz dacks och d’Zéiw no vir weg well se ze laang gett. Dëst ass onangenehm, also entlaascht d’Päerd seng Zéiw a bréngt méi Gewiicht op d’Trachten, wouduerch dës ennerschieben an d’Zéiw nach méi hiewelt - en Däiwelskrees.
D’Sehne gin iwwerstreckt, d’Muskulatur muss zevill schaffen wat och Auswierkungen op d’Gangbild huet, d’Päerd stolpert… an wéi wann dat nach net genuch wier gëtt den Houf emmer méi staark verformt.

En optimale Beaarbechtungsintervall fir di meescht Päerd si 4 Wochen, an verschiddene Fäll muss een och scho méi fréi rem eppes un de Féiss maachen, bäi anere kënnen et och mol 6 Woche sin.

Foto: Während der Beaarbechtung - een Houf ass gemaach, deen aneren net. Vill ze laang, de Pony ass lo a 4 Woche rem un der Rei 🦄

Abluddungen am Houf kommen heiandsdo bäi helle Féiss vir, dat heescht awer net datt des mi schlecht si wéi däischterer, ...
18/03/2022

Abluddungen am Houf kommen heiandsdo bäi helle Féiss vir, dat heescht awer net datt des mi schlecht si wéi däischterer, et gesäit een d‘Abluddunge just wéinst der fehlender Pigmentatioun.

Dacks gett gesot, d‘Päerd hätt sech gestouss a fäerdeg - dat stëmmt awer an de meeschte Fäll net. Wat hei geschitt ass, ass datt d‘Zéiw sou staark gehiewelt huet, datt uewen am Krounrand dee Moment wou den Houf gebild gin ass bessi Bludd mat an d‘Material komm ass an et dowéinst verfierwt ass. Dat ass fir d‘Päerd dee Moment definitiv net angenehm (wee wëll ka mol liicht d‘Spëtzt vu sengem Fangernol no vir drécken 😖), mee dee Moment wou et roofwiist a näischt nokënnt well den Hiewel fort ass stéiert et net méi.

Ennendrenner ass den Houf däischtergiel, dat ass d‘Virstuf bäi däer „just“ Bluddplasma an den Houf gefloss ass, wann et méi schlëmm wier wier den Houf méi staark roud oder am Extremfall (däischter)moof agefierwt.

Fir rauszefanne wéini dëst geschitt ass, kann een sech verhalen datt den Houf ronn ee Joer brauch fir engker komplett duerchzewuessen, also bäi deem heite Schnucki viru 7-8 Méint.

Wat kennt Dir also maache wann Dir sou Abluddunge bäi Äere Päerd fannt?
Wann se relativ uewe sin an emmer neier nokommen op jidde Fall mam Beaarbechter schwätzen an eventuell d‘Intervaller verkierzen datt d‘Hiewele besser kennen ausgeschalt gin (4 Woche si fir di meescht Päerd optimal). Zousätzlech sin ech emmer dofir, fir Fotoen ze maachen an domat de Verlaf ze dokumentéieren - wat d’Abluddunge méi däischter gin, wat d‘Situatioun normalerweis méi schlëmm ass.

Äer Päerd an ech soe merci fir d‘Liesen, als Belounung ass lo Weekend 😇🦄

Gudde Moien 🙂Haut gëtt et eng kleng Anatomieopfrëschung, dofir kucke mer kuerz am Brego säi Been ran. D’Päerd als Zéiwes...
17/03/2022

Gudde Moien 🙂

Haut gëtt et eng kleng Anatomieopfrëschung, dofir kucke mer kuerz am Brego säi Been ran.
D’Päerd als Zéiwespëtzegänger leeft op sengem „Mëttelfanger“.

Um Röntgebild gesi mer folgendes vun ënnen no uewen:

- D‘Hufbein, wat am Normalfall komplett an der Houfkapsel drasetzt an iwwert den Hufbeinträger mat dëser verbonnen ass. Un den Houfbeenäscht (Richtung Trachten, um Bild riets) sëtzt op all Säit een Houfbeenknorpel, deen ausser wann e verknöchert ass, net op der Röntgen ze gesin ass.
- D‘Strahlbein, wat als Umlenkrolle fir d‘tiefe Beugesehne en Deel vun der sougenannter Hufrolle ass.
- D‘Kronbein, wat mat den zwou Schanken ennendrënner d‘Hufgelenk bild.
- D‘Fesselbein, wat mam Krounbeen d‘Krongelenk bild.
- D‘Röhrbein (lénks) an d‘Gleichbeine (riets, net komplett op der Opnahm), déi mam Fesselbeen d‘Fesselgelenk bilden.

Am Verglach hu mir als Mënsche weder e Strahlbeen nach Gleichbeine an eise Fanger, mee och mir hun Sesambeine, wat den Iwwerbegrëff fir des Zort vu Schanken ass - dat bekannst dovun ass natierlech d‘Knéischeiw (Patella).

A wou ech scho bäim Knéi ukomm sin: dat Gelenk am Päerd senge viischte Been wat dacks als „Knéi“ oder och „Vorderknie“ bezeechent gëtt ass d‘Karpalgelenk, also eist Handgelenk.

D‘Röntgebild ass vu mengem Spuenier senger AKU - ze flaach Stellung an net ganz perfekt Schanken, awer näischt wat en och nemmen am geréngste beanträchtegt. D‘Foto ass dee selweschte Fouss vu medial (bannen) 15 Deeg no der Röntgen direkt viru menger éischter Beaarbechtung.

Ech hoffen, dat ass eng kleng Orientéierungshëllef wann e Päerd am Stall e Problem an engem vun deene Beräicher huet oder am nächste Gespréich mat äerem Vet. 🦄

Eckstreben - a wéini se definitiv ze laang sin. D'Eckstreben sin aus deem selweschte Material wéi d'Houfwand an domat e ...
14/03/2022

Eckstreben - a wéini se definitiv ze laang sin. D'Eckstreben sin aus deem selweschte Material wéi d'Houfwand an domat e gudd Stéck méi haart wéi d'Suel. Wann se sech also op d'Suel leen, ass dat ähnlech onangenehm wéi wa mir e Steen am Schong hun dee permanent dréckt - mat deem engen Ennerscheed, datt mir de Steen kenne raushuelen, d'Päerd awer keng direkt Awierkungsméiglechkeet op säi "Steen am Fouss" huet.

Zousätzlech drécken Eckstreben, déi op der Suel leien d'Houfwand no baussen a si mat fir Hiewele verantwortlech (lénks op der Foto gesäit een dat, riets ass d'Wand schon ausgebrach).

Dodrenner kann et och ganz séier gammelen a schon huet den aarme Pony en Houfschwier am Fouss.

Wéi laang sollen d'Eckstreben also sin? Dozou ganz kloer: et hänkt dovun oof. Generell ass knapps iwwert dem Niveau vun der Suel e gudden Ufank, mee et gett Situatiounen wou den Houf méi Stabilitéit am Trachteberäich brauch, an et gett Päerd déi se am léifste méi zréckgeschnidden hun. SI sollen sech awer waméiglech net op d'Suel leen an och sou beaarbecht gin, datt se sech net rem ganz séier droplee kennen.

Wou mer scho bäi den Houfspalte sin, hei en anert Beispill. Ennergeschoben Trachten, hiewelnd Säitewänn, di op der Suel ...
12/03/2022

Wou mer scho bäi den Houfspalte sin, hei en anert Beispill. Ennergeschoben Trachten, hiewelnd Säitewänn, di op der Suel leiend Eckstreben drécken d Säitewand nach méi no baussen, an der Zéiwemett huet sech e Spalt gebild an deen et bäi all Schrëtt vum Päerd weider ranhiewelt, de massiven Tragrandiwwerstand verschlëmmert d'Situatioun nach weider, fir just dat offensichtlechst ze schreiwen.

Mäin tiefenentspaant Einhorn war gescht rem un der Rei 🦄
12/03/2022

Mäin tiefenentspaant Einhorn war gescht rem un der Rei 🦄

Wéi ech grad réischt mat menger Ausbildung ugefaangen hat, sin ech bäi dëse léiwe Männi mat engem massive Spalt vir riet...
12/03/2022

Wéi ech grad réischt mat menger Ausbildung ugefaangen hat, sin ech bäi dëse léiwe Männi mat engem massive Spalt vir riets geruff gin. Déi éischt Fotoe si vun Dezember 2012, di zweet an de Kommentarer vum 6te Januar 2013 an di drëtt vum 9te Mee 2013.

Teschenduerch war ech all 2-3 Woche bäi em fir d'Hiewelen an de Grëff ze kréien, den Houf auszebalancéieren an ze kucken datt souvill Material wéi méiglech erhale bleiwt. Bäi sou engem massive Spalt ass d'Gefor datt et drënner gammelt zimmlech grouss, dofir kann et sin datt ee nach méi Wand do wou een se eigentlech brauch muss wegmaachen.

Ee Joër drop war alles iwwerstaan an den Houf engker komplett duerchgewuess - an d'Päerd war bis ech hu misse meng Zwangspaus aleen ee vu mengen abolute Lieblingen.

Adresse

Béreldange

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Huforthopädie Lëtzebuerg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Huforthopädie Lëtzebuerg:

Partager