My dog & me - Natiirlech fir den Hond

My dog & me - Natiirlech fir den Hond Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de My dog & me - Natiirlech fir den Hond, Service pour animaux, Lac de la haute Sûre, Luxembourg.

Nachschub ass an der Maach 😃- Durchfall akut Théi- Zeckenprophylaxe- Ringelblumensalbe- Spitzwegerich Sirop (Nei‼️)- Kam...
12/07/2024

Nachschub ass an der Maach 😃
- Durchfall akut Théi
- Zeckenprophylaxe
- Ringelblumensalbe
- Spitzwegerich Sirop (Nei‼️)
- Kamillentinktur (Nei ‼️)
sin ab haut erem bei mir an ab muer an der Bungerefer Millen ze kréien 🌱

Bis geschwënn! 🥰

En Théi géint akuten Duerchfall 🐕 💩 Et ass lästeg an net schéin, oft begleed vu Bauchwéi a Koliken 😏Sou wéi bei eis Mens...
16/05/2024

En Théi géint akuten Duerchfall 🐕 💩

Et ass lästeg an net schéin, oft begleed vu Bauchwéi a Koliken 😏
Sou wéi bei eis Menschen, kennt et och alt emol bei eisen Muppen fir.
Fir schnell Ofhëllef ze schaafen, hun ech eng Théimëschung zesummegebraut, mat lauter gudden an 100% natiirlechen Kräider, wéi beispillsweis den Blutwurz.
Blutwurz ass stopfend, stëllt d‘Péng, ass Entzündungshemmend an huet nach weider Eegeschaften déi gudd fir eis Hënn sin.

Haut mol eppes fir eis ☺️Brennnessel-Handsalbe aus frëschen Brennnesselen 🌿Jo, se picken, mee se sin och richteg gesond!...
16/05/2024

Haut mol eppes fir eis ☺️
Brennnessel-Handsalbe aus frëschen Brennnesselen 🌿

Jo, se picken, mee se sin och richteg gesond!
Net nemmen fir als Théi ze drénken, mee och fir d‘Haut.

Brennnesselen sin als Salew ganz gudd géint drëchen Haut an souguer géint de Bass, paradox, oder?

Bei Ekzema, Akne, Insektestëch, Verbrennungen sin se super geeegnet an richen deet se duerch den Lavandula Angustifolia och nach gutt 😃 (ass awer op Ufro och ouni ze kréien).

Erhältlech am 30ml an am 60ml

Blasentee 🌼 Eng erfrëschend Mëschung aus rengen Zoutaten fir der Bloos guddes ze doen.Ob während, oder no enger Blosenen...
16/05/2024

Blasentee 🌼

Eng erfrëschend Mëschung aus rengen Zoutaten fir der Bloos guddes ze doen.
Ob während, oder no enger Blosenentzündung, den Hond wärt et eis danken ☺️

All meng Saachen sin zousätzlech beim Kim a beim Ralph op der Bungerefermillen ze kréien. Ee schéinen Tour spazéiere goe...
09/05/2024

All meng Saachen sin zousätzlech beim Kim a beim Ralph op der Bungerefermillen ze kréien. Ee schéinen Tour spazéiere goen an dann op déi schéinsten Terrasse aus dem Land d‘Natur genéissen 🌿❤️

Ringelblumensalbe 🌼Ringelblummen hun eng wonnerbar Heelkraaft.Si beschleunegen den Heelprozess vun klengen (Brand)Wonnen...
08/05/2024

Ringelblumensalbe 🌼

Ringelblummen hun eng wonnerbar Heelkraaft.
Si beschleunegen den Heelprozess vun klengen (Brand)Wonnen, Insektenstëch, Sonnebrand, Ekzema a souguer Akne.

Net nemmen fir eis Menschen ass des Salew gudd mee och fir eis Hënn.

E bessen Ringelblumensalbe op eng kleng Wonn opgedro, domat huet een secher näischt falsch gemaach.

Dëppecher am 30ml an am 60ml ze kréien 🌼

Zecken …Waat hu mer se gär 😏Grad lo wou et ufänkt méi waarm ze gin, brengen eis 4-Beener der regelméisseg mat an d‘Haus....
08/05/2024

Zecken …
Waat hu mer se gär 😏

Grad lo wou et ufänkt méi waarm ze gin, brengen eis 4-Beener der regelméisseg mat an d‘Haus.

Et gett awer tatsächlech Gerëch déi d‘Zecken net gär hun.
Aus deenen verschiddenen Therapie-Ueleg‘er hun ech eng Salew gemaach aus héichwärtegen Therapeutesch-ätherischen Ueleger an Kokosueleg.

Ier ee spazéieren geet ganz e bessen dovun an den Hänn verreiwen an dem Hond an de Pelz reiwen. Besonneg och den Hals, de Bauch an d‘Been net vergiessen.

Dës Salew richt fir eis Menschen schon relativ staark, dofir sollt eek säin Hond och lues doru winnen, fir dass en net direkt fortleeft, soubaal een d‘Dëppchen opgemaach huet ☺️

Erhältlech am 30ml an 60ml Dëppchen 💧

08/05/2024

Häerzlech Wëllkomm bei My dog & me - Natiirlech fir den Hond 🌸

D‘Natur ass eppes wonnerbares, waat een heiansdo guernet an Uecht hëllt.
Et geet een duerch de Bësch, duerch Wisen a Felder an et ass ee sech net direkt bewosst, waat fir eng Kraaft ennert eisen Féiss wiisst. 🌱

Daat optescht Resultat noom Onkraut rappen ass jo wuel ganz schéin, mee befaasse mer eis méi bewosst mat deem Onkraut, léiere mer et richteg kennen an vläit souguer gär hun ☺️

Hei presentéieren ech Iech nemmen selwergemaachten Crèmen, Théi, Salben, Tinkturen (…), aus héichwärtegsten Ingrédient‘en déi haaptsächlech fir eis Hënn geduecht sin. Daat eent oder aanert fir eis Menschen ass vläit och dobei 😉

Ech wënschen ganz vill Spass op menger Säit an fillt Iech fräi Iech zu all Zäit ze mellen wa Froen opstin 🍀🌿🌾

Adresse

Lac De La Haute Sûre
Luxembourg

Téléphone

+352621466257

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque My dog & me - Natiirlech fir den Hond publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à My dog & me - Natiirlech fir den Hond:

Partager