30/12/2020
Muer ass et esou wäit, muer schléissen mir dëst Joer 2020 of. Dësen Moment ass fir villen vun eisen Déiercher an soumat dann och fir eis mat Stress verbonnen. Och wann dëst Joer hoffentlech manner Knupperten wäerten lass gelooss ginn hunn ech hei en puer Tipps fir eisen Schnuffen den Iwwergang vum Joer 2020 an d'Joer 2021 méi einfach ze maachen.
1) Ënnerhuelt haut an muer den ganze Dag sou vill wéi méiglech mat ären Déieren, soudass en den Owend vun Silvester gutt ausgelaascht an ausgeglach sinn.
2)Preparéiert dat Zëmmer wou si sech am léifsten ophalen schonn fréi genuch, andeems dir hinnen en Eck maacht wou si sech Schutz sichen kënnen, wann si et brauchen. Macht d'Rolllueden erof an loosst an dësem Zëmmer haart (net ze haart soudass et fir d'Déieren erëm onangeneem gëtt) berouegend oder klassesch Musek lafen. Dir kënnt ären Schnuffen och eppes fir ze Knaen dohinner leeën, wéi zum Beispill en Kong mat Leckerlien gefëllt. Knaen an Lecken berouegt si och. Bedénkt awer w.e.g och, dass si am Stress kënnen schléngen an dass een do den Risiko huet dass z.B en Stéck vun enger Schank am Hals kann hänken bleiwen!
3) Wann är Schnuffen sech Schutz bei Iech sichen kommen dann loosst dat zou! Dir kënnt si op den Schouss huelen oder einfach en Aarm iwwert si leeën ouni awer si ze heemelen an hinnen léif ze schwätzen. Dëst bestäerkt leider hier Angscht an si steigeren sech nach méi an hier Gefiller.
4) Wéi dir bestëmmt wësst duerchkucken eis Déiercher eis relativ schnell an spieren wéi mir eis den Moment fillen. Fir hinnen kënnen ze weisen dass alles ok ass, kënnen mir puer mol déif an an aus ootmen an eis äerden. Duerch eng roueg Ootmung mierken si, dass mir entspaant si an soumat fält bei hinnen en zousätzlechen Stressfaktor ewech.
5) Bei Panik hëlleft och eng Bachblütenmëschung, Rescue-Drëpsen kënnt dir hinnen den Dag selwer ginn, wann dir dozou nach Froen hutt kënnt dir mir gären schreiwen.
Ech wënschen Iech all en gudden Rutsch an vill schéin Momenter mat ären Schnuffen am Joer 2021.